ADRESS

BBC Diekirch

B.P. 186

L-9202 DIEKIRCH

mail: contact@bbcdiekirch.lu

  • Facebook Social Icon
FIND US

© 2019 by BBC Diekirch

D'Geschicht vum BBC Diekirch

GRËNNUNG 1955

Obwuel schonn kuerz virum zweete Weltkrich e Grupp vun Dikrecher Studente Basket gespillt hunn, ass et awer nach net zur Grënnung vun engem Basketball-Veräin komm. Dëst sollt eréischt 15 Joer méi spéit de Fall sinn, wéi am Juli 1954 ënnert dem Impuls vum Emile Zigrand e puer Basketfrënn e neie Versuch ënnerholl hunn, e Veräin zu Dikrech op d'Been ze stellen.

 

Deemools ass op 2 Terraine gespillt ginn, een um Sportsterrain vun der Gemeng (Terrain hippique) an een aneren am Haff vum Internat St. Joseph, wou sech haaptsächlech Studente getraff hu fir Basket ze spillen.

Op d'Bestriewe vun den Häre Joseph Lentz an Emile Zigrand hinn huet sech e provisoresche "Grënnungscomité" zesummefonnt. De 25. September 1954 gouf eng Demande un d'FLBB geriicht, fir vun der Federatioun opgeholl ze ginn, déi an der Generalversammlung den 13. Februar 1955 zu Gréiwemaacher guttgeheescht ginn ass. Eng Equipe ass an der 2. Divisioun zougelooss ginn.

Ënnert dem Veräinsnumm BBCD huet sech den 1. Comité folgendermoossen zesummegesat:

Joseph Lentz, Président - Albert Ensch, Vize-Président - Emile Zigrand, Secrétaire - Remy Wahner, Trésorier - Alex Bauler - Jos Elcheroth - Félix Jost - Paul Jost - Pierre Meyers - François Matgen.